Féierung vun der Nationalbibliothéik
Donneschdeg, de 26. November 2026 um 17 Auer
Entdeckt d’Nationalbibliothéik bei enger Féierung duerch hir ëffentlech Beräicher an hir Kulissen. Dir gitt méi iwwer d’Aufgaben, d’Sammlungen an d’Aarbechtsweis vun der Bibliothéik gewuer an entdeckt d’Magasénger, déi normalerweis fir de Public net zougänglech sinn. Zur Féierung gehéiert och d’Presentatioun vun enger Auswiel u remarkabelen Dokumenter aus eise spezielle Sammlungen.
D’Féierungen daueren ongeféier annerhallef Stonn.
- Typ:
- Féierung
- Datum:
- Den 26.11.2026 vun 17:00 bis 18:30
- Sprooch(en):
- Lëtzebuergesch