Annuléiert: Formatioun fir Enseignanten: De Litty – didaktesch Materialien iwwert Lëtzebuerger Kultur IFEN

Umeldung: Schreift Iech w.e.g. iwwert d'Säit vum IFEN fir dës Formatioun an.

 

Mat sengen didaktesch ausgeriichten Themenhefter De Litty fir Grondschoul a Lycée wëll  de Museksdepartement vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (Cedom – Centre d’études et de documentation musicales) ausgewielten Aspekter vun der Lëtzebuerger Kultur opschaffen an de jonke Generatiounen an den Enseignante nobréngen.

An der Formatioun ginn d’Enseignanten opmierksam gemaach op d’Villfalt vun der Lëtzebuerger Kultur, léiere praktesch Beispiller kennen a kréien Iddie fir de methodeschen Asaz vun den Schoulmaterialien. D’Litty-Hefter si fächeriwwergräifend ausgeriicht, passe virun allem a schoulesch Léierberäicher wéi Musek a Lëtzebuergesch, kënnen awer och fir de Geschichtscours interessant sinn.

Wëssen

  • Virstelllung vun der didaktescher Serie Les carnets didactiques du Cedom
  • Iwwerbléck kulturell Themë wéi Lëtzebuerger Geschicht a Politik am Lidd, Cabaret a Satir zu Lëtzebuerg, Musekstheater zu Lëtzebuerg, Jazz zu Lëtzebuerg, Klassesch Musek zu Lëtzebuerg
  • Theoreteschen a prakteschen Ëmgang mat den entspriechenden Aarbechtsmaterialien (Kaartespill, Rätsel- an Nosichaufgaben, Lächertexter, Verständnisfroen, Lauschteraufgaben, Wierfelspiller, Wëssenslidder, Interviewen, Hannergrondinformatiounen)

Kompetenzen

  • Erkenne vu kultureller Villfalt zu Lëtzebuerg
  • Transfert vun Themen a Methoden an déi eege Schoulpraxis
  • Kombinéiere vu Léier- a Programminhalter mat theoreteschen a praktesche Beispiller a Geschichten aus Lëtzebuerg

Haltung

  • Wäertschätzung vu Lëtzebuerger Kultur
  • Interessi u Kultur a Geschicht an hirer Gesellschaft an hirer Zäit
  • Reflektéiere vun eegener Schoulpraxis a Methodik

Praktesch Informatiounen

D’Formatioun ass a lëtzebuergescher Sprooch.

D’Formatioun dauert 3 Stonnen (mat Paus).

D’Litty-Hefter ginn de Participanten gratis zur Verfügung gestallt.

 

Terminer:

Grupp 1: Méindeg 25.10.2021 – 17:00-20:00 (ANNULÉIERT)

Grupp 2: Méindeg 21.02.2022 – 17:00-20:00 (ANNULÉIERT)

Grupp 3: Méindeg 13.06.2022 – 17:00-20:00 (ANNULÉIERT)

 

Participanten: max 15 pro Grupp

 

Formateur: Georges Urwald – Museker, Museksprofesser am LCE a Prof.-détaché am Cedom/BnL

Lieu :
IFEN (Terres Rouges) - 3 et 5, avenue de la Fonte, L-4364 Esch-sur-Alzette
Dates :
Du 25.10.2021 à 17:00
jusqu'au 13.06.2022 à 20:00