AUSGEBUCHT: Hannert der Fassad... En Owend mam Guy Rewenig a Jean Back CNLiesrees... op de Kierchbierg

DËS MANIFESTATIOUN ASS AUSGEBUCHT. ET ASS KENG RESERVATIOUN MEI MEIGLECH.

Vum 4. Mee bis de 4. Juli geet de CNL a Kooperatioun mat der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren op eng Liesrees duerch d’Land. Den 26. Mee mécht och d'Nationalbibliothéik mat.

Den Här Müller spréngt iwwert säi Schied a land am Guinness-Buch ass no Déi bescht Manéier, aus der Landschaft ze verschwannen an Do wéinstens däi Sonnebrëll aus, wann s de mam Kapp duerch d’Mauer renns dat drëtt Buch an enger Trilogie vu kuerzen Texter, an deenen de Guy Rewenig hannert d’Fassad vum Liewen zu Lëtzebuerg, an och hannert d’Fassad vun der Sprooch kuckt. Gläichzäiteg verschwënnt am Jean Back sengem Roman L’Arc di Marianna eng grouss Léift duerch eng Naturkatastroph hannert enger Fassad vun Erënnerung an Trauer, bei där net alles sou ass, wéi et op den éischte Bléck schéngt.

Eng Rees duerch eist kollektiivt an individuellt Bewosstsinn; eng Rees queesch duerch Europa vum Friaul bis op Lëtzebuerg. An e Gespréich mam Claude D. Conter a Germaine Goetzinger queesch duerch Bicher an Iddien.

Moderatioun: Claude D. Conter a Germaine Goetzinger

Reservatioun obligatoresch via reservation@bnl.etat.lu

Lieu :
Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Kirchberg
Dates :
Le 26.05.2021 à 19:00