Literaturlabo vum radio 100,7 - Magesche Realismus

De radio 100,7 an d'Nationalbibliothéik invitéieren Iech op déi 8. Editioun vum LiteraturLabo, dës Kéier ënnert dem Zeeche vum magesche Realismus.

De magesche Realismus ass de Virleefer vun der Fantasy-Literatur. Seng Wuerzelen huet de Stil an Däitschland, mä op der ganzer Welt - a virun allem a Latäinamerika - spillt en eng Roll an der Literatur. Populariséiert gouf e vum kolumbianesche Schrëftsteller Gabriel García Márquez, deen a senge literaresche Wierker magesch Elementer a realistesch Situatiounen integréiert huet.

De LiteraturLabo vum radio 100,7, an Zesummenaarbecht mat der Nationalbibliothéik, invitéiert Iech, mat ze diskutéieren. Bicher aus Afrika, Ost- a Westeuropa a Latäinamerika gi vun de Literaturlaboranten Nathalie Bender, Valerija Berdi a Ian De Toffoli virgelies, diskutéiert an ausernee geholl, an Är Meenung ass och gefrot.

D'Entrée ass gratis.
Reservéiert är Plaze per email.

Lieu :
Bibliothèque nationale, Salle des Arts, 1er étage
Dates :
Le 22.03.2018 de 19:30 jusqu'à 22:00