De Litty, cahiers didactiques du Cedom: Formation continue fir Enseignanten aus dem EF Cycle 4 an dem ES/EST

Formation continue fir Enseignanten aus dem EF Cycle 4 an dem ES/EST

Umeldung iwwert de Site vumInstitut de formation de l’éducation nationale (IFEN)

Grupp I: Méindeg 26. Oktober 2015 – 17:00-20:00
Grupp II: Méindeg 22. Februar 2016 – 17:00-20:00
Grupp III: Dënschdeg 10. Mee 2016 – 16:00-19:00

Mat sengen didaktesch ausgeriichten Themenhefter fir Grondschoul a Lycée ‘De Litty’ wëll de Museksdepartement vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (Cedom – Centre d’études et de documentation musicales) ausgewielten Aspekter vun der Lëtzebuerger Kultur opschaffen an de
jonke Generatiounen an den Enseignante méi nobréngen. An der Formatioun iwwert de ‘Litty’ ginn d’Enseignanten opmierksam gemaach op d’Villfalt vun der Lëtzebuerger Kultur, léiere praktesch Beispiller kennen a kréien Iddie fir de methodeschen Asaz vun den Schoulmaterialien.

  • Iwwerbléck: 200 Joer Musek a Kultur zu Lëtzebuerg (1815-2015)
  • Virstelllung vun der didaktescher Serie Les carnets didactiques du Cedom, am besonneschen d’Hefter Litty I (Lidder fir Land a Leit ‘Ons Heemecht’) a Litty II (Vu Spëtzbouwen a Klasseclownen: Cabaret a Satir zu Lëtzebuerg)
  • Theoreteschen a prakteschen Ëmgang mat den Aarbechtsmaterialien Litty I an II (Lächertexter, Verständnisfroen, Feelertexter, Lauschteraufgaben, Wierfelspiller, Wëssenslidder, Hannergrondinformatiounen an CD-Rom) 
D’Litty-Hefter passe generell a schoulesch Léierberäicher wéi Lëtzebuergesch, Musek, Geschicht a Kultur. D’Hefter 1 an 2 vum Litty ginn de Participanten zur Verfügung gestallt a kënne gratis mat heem geholl ginn. D’Formatioun gëtt op Lëtzebuergesch gehalen. D’Formatioun dauert 3 Stonnen (mat Paus).


Salle de formation
Bibliothèque nationale de Luxembourg – Annexe Kirchberg
31, boulevard Konrad Adenauer
L-1115 Luxembourg


Formateur
Georges Urwald – Museksprofesser am LCE a Prof.-détaché am Cedom vun der Nationalbibliothéik

Lieu :
- Bibliothèque nationale de Luxembourg, Annexe Kirchberg
Dates :
Le 26.10.2015 à 17:00