Féierung vun der Ausstellung

Méindeg, de 19. Oktober 2026 um 18 Auer

Féierung vun der Ausstellung

Méindeg, de 19. Oktober 2026 um 18 Auer

Elo umellen
© Privatsammlung Ali Ruckert

Fridden, wat ass dat? Op den éischte Bléck schéngt d’Fro einfach. D’Geschicht weist awer, datt et net nëmmen eng eenzeg Definitioun vu Fridde gëtt. Ofhängeg vum historesche Kontext, de sozio-politesche Wäerter an Normen, déi zu där Zäit gëllen, an den ideologeschen Interpretatioune vun de bedeelegte Persounen, waren d’Äntwerten op dës Fro ganz ënnerschiddlech, a souguer widderspréchlech.

Begleet de Commissaire an Historiker Mohamed Hamdi bei enger Féierung duerch d’Ausstellung La paix (in)achevée a gitt gewuer, wéi sech d’Virstellunge vu Fridden zu Lëtzebuerg entwéckelt hunn. Vun der Franséischer Revolutioun bis haut geet d’Féierung der Fro no, wéi Fridde verstanen, geformt, a Fro gestallt an heiansdo och ënnergruewe gouf.

Typ:
Visitt vun der Ausstellung
Datum:
Den 19.10.2026 vun 18:00 bis 19:00
Sprooch(en):
Lëtzebuergesch