Fënnef Mol Gold fir Lëtzebuerg

Eis Gewënner beim Grand Prix Eurovision de la Chanson a beim Eurovision Song Contest

Musekssammlung vum Cedom

Georges Urwald, Patrick Steffen

1955 proposéiert de Schwäizer Journalist, Generaldirekter vun der Schwäizer Radio- a Fernseegesellschaft a Member vun der EBU (European Broadcasting Union), de Marcel Bezençon (1907–⁠1981), d’Iddi vun engem europäesche Schlagerconcours, deen eng éischte Kéier zu Lugano an der Schwäiz am Joer 1956 iwwert d’Bün geet.

Säitdeem fënnt de Concours, haut bekannt als Eurovision Song Contest, all Joer statt, mat Ausnam vum Joer 2020, an deem e wéinst der Covid-Pandemie huet missten ofgesot ginn.

Den Oflaf ass formell festgehalen: Eng ëffentlech-rechtlech Radiostatioun vun all Land schéckt e Sänger oder eng Sängerin mat engem Lidd op de Gesangsconcours. Dobäi dierfe just déi Länner, déi Member vun der EBU sinn, participéieren. De Concours gëtt och ëmmer an deem Land organiséiert, dat am Joer virdru gewonnen huet. Eng Ausnam gouf et am Joer 2023, an deem wéinst dem russeschen Ugrëffskrich, de Concours an England op Liverpool verluecht gouf (d’Ukrain hat am Joer 2022 gewonnen). Wëll mat de Joren d’Zuel vun den deelhuelende Länner geklomm ass, gi säit 2008 Virentscheedungen, déi aus 2 Halleffinalle bestinn, organiséiert.

Lëtzebuerg war vun Ufank u beim Concours derbäi an huet bis haut fënnef Mol gewonnen. Am Joer 1959 a vun 1994 bis 2023 huet Lëtzebuerg net deel geholl. Am Joer 2023 huet Lëtzebuerg decidéiert, vun 2024 un erëm derbäi ze sinn.

D’Gewënner fir Lëtzebuerg

  • 1961 zu Cannes, de Jean-Claude Pascal mat Nous les amoureux
  • 1965 zu Neapel, d’France Gall mat Poupée de cire, poupée de son
  • 1972 zu Edinburgh, d’Vicky Leandros mat Après toi
  • 1973 zu Lëtzebuerg, d’Anne-Marie David mat Tu te reconnaîtras
  • 1983 zu München, d’Corine Hermès mat Si la vie est cadeau

De Jean-Claude Pascal

De Jean-Claude Pascal war en erfollegräichen, franséische Schauspiller a Chansonnier. Hie kënnt 1927 als Bouf vun engem Textilindustriellen zu Paräis op d’Welt.1944 kämpft hien als 17-Järegen an der zweeter Panzerdivisioun zu Stroossbuerg, déi d’Stad vum Naziregimm befreit. Als Krichsheld dekoréiert, schafft hien nom Krich zu Paräis als Designer an als Modell bei Dior an Hermès. Duerno wiesselt hien an d’Schauspillerei, wou hien an den 1960er mat Staren ewéi Brigitte Bardot a Romy Schneider virun der Kamera steet. Gläichzäiteg versicht hie sech och als Sänger a gëtt och hei séier erfollegräich. Hien hëlt ronn 50 Placken a verschiddene Sproochen op. An den 1980er Jore fänkt hien un, Bicher ze schreiwen: hie verëffentlecht seng Memoiren a bréngt Krimien a Biografië vun historesche Perséinlechkeeten eraus. De Jean-Claude Pascal stierft am Joer 1992 u Kriibs.

Säi Lidd Nous les amoureux ass eng poetesch Erzielung vun zwee Mënschen, deenen hir Léift vun der Gesellschaft net zougelooss gëtt. Et gëtt haut gären als fréit Lidd iwwert d’homosexuell Léift interpretéiert.

D’France Gall

D’France Gall war eng franséisch Popsängerin a prominentste Vertriederin vun der sougenannter Yéyé-Generatioun, déi 1947 zu Paräis op d’Welt koum. Hire Papp, de Robert Gall, schreift Lidder fir de Charles Aznavour an d’Édith Piaf. Mat 15 Joer hëlt si hir éischt Lidder op a gëtt séier bekannt, och wéinst hirer Bekanntschaft mam Serge Gainsbourg. Dee schreift dat Energie geluedent Lidd, mat deem d’France Gall 1965 fir Lëtzebuerg de Grand Prix gewënnt, e Lidd, dat textlech a musikalesch en neien Elan an déi »verstëbsten« Chansonlandschaft vum Grand Prix bréngt. An all deene Joren duerno huet d’France Gall eng Aart Géigepol zu Sängerinnen ewéi Edith Piaf oder Mireille Mathieu verkierpert. Och an Däitschland ass si mat enger Rei Hits an däitscher Sprooch an de Joren duerno populär ginn. Mëtt den 1980er Joren lannt si nach emol 2 Hits, déi all fréier Lidder iwwertraff hunn: Ella, elle l’a, en Hommage un déi amerikanesch Jazzsängerin Ella Fitzgerald a Babacar. D’France Gall stierft am Joer 2018 u Kriibs.

Hiert Lidd Poupée de cire, poupée de son huet dat 17-järegt France Gall als eent vun 10 erausgesicht, ouni sech bewosst ze sinn, datt et sech ëm en zweedeitegen, »schlüpfereschen« Text handelt, deen de Gainsbourg hier an de Mond geluecht huet: eppes méi spéit huet de Gainsbourg ëffentlech zouginn, datt et am Text eigentlech ëm Erotik, Selbstbefriddegung, Oralverkéier an Droge geet. Doropshin huet d’France Gall dat Lidd net méi gesongen. Allerdéngs war et mëttlerweil schonn a ville Länner en Hit.

D’Vicky Leandros

D’Vicky Leandros ass eng Sängerin aus Griichenland mat däitscher a griichescher Staatsbiergerschaft. Si kënnt 1952 als Duechter vum Produzent, Komponist a Sänger Leo Leandros op der Insel Korfu op d’Welt. Säit 1958 lieft si mat hirer Famill zu Hamburg an Däitschland, wou de Papp si op eng Karriär als Sängerin virbereet. Mat 13 Joer kënnt hir éischt erfollegräich Single op de Maart. Mat 15 Joer vertrëtt si Lëtzebuerg eng éischte Kéier beim Grand Prix zu Wien a kënnt op déi 4. Plaz. 1972 vertrëtt si Lëtzebuerg eng zweete Kéier zu Edinburgh a gewënnt de Concours mat Après toi, produzéiert vun hirem Papp. Duerno lant si an Däitschland eng Rëtsch Hits, dorënner Theo, wir fahr’n nach Lodz oder Ich liebe das Leben. Weltwäit huet d’Vicky Leandros bis haut ronn 55 Milliounen Tounträger verkaf. 2011 huet Lëtzebuerg d’Vicky Leandros mat engem »Ordre de mérite« geéiert, 2015 huet si an Däitschland d’Bundesverdienstkreuz kritt fir hir vill éierenamtlech Projeten, an deene si sech engagéiert.

Hiert Lidd Après toi beschreift d’Trauer, d‘Leed an d’Hoffnungslosegkeet no enger Trennung vun engem Mënsch, deen ee gären hat an nach ëmmer huet. Eng Situatioun, an där ee just nach de Schiet vu sengem Schiet schéngt ze sinn.

D’Anne-Marie David

D’Anne-Marie David ass eng franséisch Sängerin, déi 1952 zu Casablanca am Marokko op d’Welt kënnt. Mat 19 Joer besetzt den Andrew Lloyd Webber si a Frankräich als Maria Magdalena a sengem Musical Jesus Christ Superstar. Do fält si lëtzebuergeschen RTL-Redakteren op, déi si direkt engagéieren, fir Lëtzebuerg beim nächste Grand Prix ze vertrieden. An tatsächlech kënnt si am Joer 1973 mat wéinege Punkte virum Favorit Cliff Richard mam Titel Tu te reconnaîtras op déi éischte Plaz. Duerno gëtt si Concerten uechter d’Welt a lieft eng Zäit an der Tierkei. An den 1990er dréit d’Anne-Marie David dem Showbusiness de Réck a konzentréiert sech op d’Päerdszuucht an dem Liewen an der Natur, liest keng Zeitung, lauschtert kee Radio, huet kee Fernsee. Si vernicht alles aus hirer Bünevergaangenheet, ausser e puer Placken an e puer Zeitungen, déi si als Erënnerung fir hire Bouf a fir eventuell Enkelkanner versuergt. 2004 taucht si erëm aus hirem Exil op, fir Concerten ze ginn a fir zu Toulouse als Gesanksléierin ze schaffen.

Hiert Lidd Tu te reconnaîtras beschreift verschidde Situatiounen, wou ee sech erëm erkennt, wou Erënnerungen opkommen, sief et aus der Schoulzäit, aus der Kandheet oder aus der Zäit als Artist, deen ni déi néideg Unerkennung kritt huet. 

D’Corinne Hermès

D’Corinne Hermès ass eng franséisch Sängerin, déi am Joer 1961 zu Lagny-sur-Marne op d’Welt koum. 1974 gewënnt si am Alter vun 13 Joer en éischte Gesanksconcours, 1979 hëlt si hir éischt Single op mam Titel La ville où je vis op der A-Säit a Le blouson gris op der B-Säit. 1983 gewënnt si am Alter vun 22 Joer fir Lëtzebuerg den Eurovisiounsconcours zu München mam Lidd Si la vie est cadeau, Text vum Alain Garcia mat Musek vum Jean-Pierre Millers. An de Joren duerno hält si sech mat verschiddene Projeten iwwer Waasser, ouni awer un den Erfolleg vum Eurovisiounslidd erunzekommen.  Am Joer 1989 steet si mat Dessine-moi op der 15. Plaz an den Top 50. Am Joer 1990 kritt si de Präis »Révélation féminine de l’année« bäi de Victoires de la musique (de franséischen »Grammy Award«, wann een esou wëll) iwwerreecht. An den 1990er an den 2000er Jore produzéiert, komponéiert a publizéiert si weiderhi verschidden Albumen a Video-Clippen. Op hirem leschten Album Intemporelle aus dem Joer 2019 interpretéiert si bekannte franséisch an international Lidder op hir Manéier.  

Hiert Lidd Si la vie est cadeau handelt vun enger vergaangener Libesgeschicht an enger domadder verbonnenen Ofdreiwung: »Si la vie est un cadeau, cadeau donné, cadeau repris, cadeau volé«.

▪ Eng Selektioun un Dokumenter iwwert d’Gewënner si bis Enn Abrëll 2026 an de Vitrinne virum Rara-Liessall um 2. Stack ausgestallt.

Aktualiséiert den