De Georgely – Band 2: Politesch Lidder

Lëtzebuerger Lidderbuch

Verëffentlechungsjoer
2026
Auteur
Georges Urwald
Editeur
Bibliothèque nationale du Luxembourg an Zesummenaarbecht mam INECC a mam Stued Theater
Sprooch(en)
Luxembourgish
Säitenunzuel
387
Zort(en)
Partitur
ISBN
978-99987-806-6-8
ISMN
979-0-700115-07-4
Präis
45 €

Beschreiwung

D’politescht Lidd ass zu Lëtzebuerg manner gutt bekannt, mee et gëtt riichtduerchsäit dem 19. Joerhonnert bis haut sëllege Beispiller dofir, datt Schrëftsteller a Komponisten op politesch a gesellschaftlech Mëssstänn zu Lëtzebuerg reagéiert hunn. An deene meeschte Fäll si politesch Lidder och duerchaus kritesch Lidder mat engem moraleschen Usproch oder dem Wonsch oder Opruff zur Verännerung, deen heiansdo och d’Nolauschterer zum Handele brénge soll. Politesch Lidder kënnen allgemeng no hire gewënschte Funktiounen agedeelt ginn, z.B. a Kampf- a Fräiheetslidder, Protestsongs, Aarbechterlidder, Agitatiounslidder, Krichs- a Friddenslidder asw. Mat esou Lidder huelen d’Kënschtler Positioun fir oder géint bestëmmte gesellschaftlech Konventiounen, Normen oder Muechtverhältnisser, politesch Iddien, Meenungen oder Konzepter, historesch Evenementer, Entwécklungen oder Personnagen an.

Bis haut gëtt et kee Gesangsbuch mat politesche Lidder zu Lëtzebuerg. Dofir wëll De Georgely 2 op dëse Genre opmierksam maachen, fir datt déi couragéis Stëmmen aus der Literatur an der Musek net vergiess ginn. Domadder soll un eenzel Auteuren a Komponisten erënnert ginn, a gläichzäiteg kënne manner bekannte Momenter aus der Lëtzebuerger Geschicht nees an d’kulturellt Gediechtnes réckelen oder bekannten Evenementer nei beliicht ginn.

Den zweete Band vum Lidderbuch De Georgely ass erausgi vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik an Zesummenaarbecht mat dem Institut européen de chant choral (INECC) an dem Stued Theater. D’Lidderbuch ass nom Dréiuergelspiller vu Gréiwemaacher, dem Georges Weyer (1848-1924) benannt.

Aktualiséiert den