Vu Spëtzbouwen a Klasseclownen: Cabaret a Satir zu Lëtzebuerg Les Carnets didactiques du Cedom – De Litty – Nummer 2

Verëffentlechungsjoer
2015
Auteur
Georges Urwald
Editeur
Bibliothèque nationale de Luxembourg / Centre d’études et de documentation musicales (Cedom)
Sprooch(en)
Luxembourgish
Säitenunzuel
112
Zort(en)
Pädagogescht Material
ISBN
978-99959-916-3-0 (De Litty 2) ; 978-99959-916-1-6 (De Litty 2/1) ; 978-99959-916-2-3 (De Litty 2/2)
ISSN
2354-4732
Präis
15 €

Beschreiwung

Zusammefaassung

Déi zweet Nummer vun De Litty besteet aus zwee Bänn a setzt sech mam Cabaret a Satir zu Lëtzebuerg vun Antoine Meyer bis haut auserneen. Dëst geschitt op spilleresch an informativ Aart a Weis: mat Erklärunge, Rätsels- a Wierderspiller, Lückentexter, Partituren a ville weidere prakteschen Aktivitéiten. Et gëtt sech interdisziplinär mam Thema auserneegesat, fir de Schüle e breeden Iwwerbléck ze verschafen a fir hiert Verständnes an Analyskompetenz ze stäerken.

Iwwert d’Serie

D’Carnets didactiques – De Litty gi vum Cedom an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend publizéiert. Si riichte sech un Enseignanten a Schüler aus der Primärschoul an dem Lycée, mee stinn awer och all interesséiert Persoun zur Verfügung. D’didaktesch Hefter sollen den Enseignanten déi noutwenneg Informatiounen a Materialie liwweren, fir de Kanner a Jugendlechen dat kulturellt Liewe vu Lëtzebuerg méi no ze bréngen.

D’Sammlung De Litty ass d’Wierk vum Enseignant a Museker Georges Urwald, dee vun der Ënnerstëtzung vum Cedom an deem senge räiche Sammlunge profitéiert. D’Figur vum jonke „Litty“, inspiréiert vum Interpret a Kabarettist Pierre-Toussaint Stefani (1872-1932), an erschaf vum Lëtzebuerger Kënschtler Andy Genen, fungéiert als spillerescht Leitmotiv a féiert de Lieser duerch déi verschidden Themen.

Aktualiséiert den