Pir Kremer - ZesummegePIKtes Fir dem Auteur säin 100. Gebuertsdag - e Réckbléck op Liewen a Wierk

"Fir den 100. Gebuertsdag beliicht d’Ausstellung Pir Kremer – ZesummegePIKtes am Mierscher Kulturhaus bis den 20. Mäerz d’Liewen an d’Wierk vun deem Auteur, deem seng Stëmm wuel wéi keng aner d’Lëtzebuerger Radio- a Sproochelandschaft matgepräägt huet. 

De Katalog proposéiert e Réckbléck op dem Auteur säi Liewen, op seng villfälteg Theaterproduktiounen (Revuen, Lidder, Sketcher), seng Radios- an Televisiounsemissiounen (Um Staminet, Lauschterstécker a Radiosrevuen) an op säi Schafen als Satiriker. E bitt doriwwer eraus eng originell Vue op manner bekannte Facettë vun der Perséinlechkeet Pir Kremer, wéi z. B. seng Aktivitéit als Publicitéitstexter fir bekannte Lëtzebuerger an international Marken a seng Zesummenaarbecht mat verschiddene Plackelabelen.

Den Auteursfong mat der CNL-Referenz L-406, deen zu Miersch am Literaturarchiv läit, weist déi enorm Produktivitéit, déi de Pir Kremer un den Dag geluecht huet: Esou fanne mir hei ënnert anerem Manuskripter an Typoskripter, Photoen, Programmen an aner Materialien zu de verschiddene Revuen, de Lidder, de sëllege Sketcher, de Staminet-Texter an den Televisiounsemissiounen. Dës Publikatioun erméiglecht domat en Abléck a bis ewell nach ni gewisen Dokumenter, léisst dem Pir Kremer seng Frënn a Coauteuren zu Wuert kommen a vermëttelt unhand vu Biller, Stëmmen an Texter déi besonnesch Atmosphär vum Phänomeen Pir Kremer.

Beim Katalog läit eng CD dobäi, déi de Centre national de l’audiovisuel produzéiert huet. Ze héihere sinn Originalbäitreeg a Lidder a nei Vertounungen vum Georges Urwald.

Am Katalog ginn et Bäitreeg ze liese vum Pascal Seil, Sarah Rock a Claude Mangen souwéi Interviewen, déi de Frank Grotz mat den Zäitzeien Danielle Straus-Kremer, Tilly Jung, Emely Cao-Foubert, Frank Feitler an De Läb gefouert huet. " (Source: Lëtzebuerger Literaturarchiv)

Dernière modification le