Féierung vun der Nationalbibliothéik
Féierung vun der Nationalbibliothéik
Samschdes, de 7. Februar 2026 um 11 Auer
D’BnL organiséiert reegelméisseg Visitten duerch hir Raimlechkeeten. D’Participante kréien Informatiounen iwwer d’Konzept, d’Missioun an de Fonctionnement vun der Bibliothéik. Si hunn och déi exklusiv Méiglechkeet d’Magaséngen ze gesinn an eng Auswiel vu remarkabelen Wierker aus eise spezielle Sammlungen vu ganz no ze bewonneren.
Fir datt eng Féierung statt fanne kann, mussen sech mindestens siwe Persounen ugemellt hunn. Am Fall vun enger Annulatioun ginn d’Participante per E-Mail informéiert.
- Typ:
- Féierung
- Datum:
- Den 07.02.2026 vun 11:00 bis 12:30
- Sprooch(en):
- Lëtzebuergesch