Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch
Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch
Dënschdes, de 5. Mee 2026 um 19:00 Auer
© ZLS / Sophie Margue
De Kulturminister Eric Thill iwwerreecht de 5. Mee 2026 um 19.00 Auer an der Nationalbibliothéik, den Nationale Präis fir d’Verdéngschter ëm d’Lëtzebuerger Sprooch.
Dëse Präis zeechent all Joer eng Persoun oder Associatioun aus, déi sech besonnesch fir de Gebrauch oder den Erhalt vum Lëtzebuergeschen agesat huet. Geéiert gi fir 2025, d’Madamm Jackie Messerich a fir 2026 Wikimedia.
De SIXO suergt fir de musikaleschen Encadrement.
- Typ:
- Virstellung
- Uert:
- Bibliothèque nationale
- Datum:
- Den 05.05.2026 vun 19:00 bis 21:00
- Organisateur:
- De Kulturministère an Zesummenaarbecht mat der Nationalbibliothéik
- Sprooch(en):
- Lëtzebuergesch