Pescatorea – D’Geschicht vun enger bedeitender Orchideeësammlung
- Typ:
- Ronndëschgespréich
- Uert:
- Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
- Datum:
- Den 09.07.2025 vun 19:00 bis 20:30
- Mat:
- Josiane Weber, Jean-Marie Mangen, Marc Biver
- Sprooch(en):
- Lëtzebuergesch
Pescatorea (1860) ass den Titel vun engem bedeitende Wierk iwwert Orchideeën, déi de Jean Jules Linden no sengem orchidophile Mäzeen, dem Sammler a Banquier Jean-Pierre Pescatore genannt huet. 48 Orchideeë sinn op herrleche Chromolitografien vu Kënschtler gezeechent a vum Botaniker Linden beschriwwe ginn. D’Nationalbibliothéik gëtt dat Buch nei eraus an huet Fuerscher agelueden, d’Buch an d’Orchideeën aus naturwëssenschaftlecher, konschtgeschichtlecher, literatur- a kulturhistorescher a biografescher Perspektiv ze beschreiwen.
Bei der Presentatioun wäerten d’Historikerin Josiane Weber, de Biolog an Orchideeëspezialist Jean-Marie Mangen an den Naturwëssenschaftler Marc Biver diskutéieren iwwert de Jean-Pierre Pescatore, d’Biologie vun den Orchideeën, déi geckeg Orchidomanie am 19. Joerhonnert an d’Orchideeën an der Konscht.
An Zesummenaarbecht mat der Fondation J.P. Pescatore an der LUGA.
Pescatorea
Entdeckt dat neit Buch vun der BnL.