Patrona Patriae E Parcours duerch 400 Joer gedréckte Kulturgutt

Typ:
Virstellung
Uert:
Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Datum:
Den 27.05.2024 um 19:00
Mat:
Tom Zago
Sprooch(en):
Lëtzebuergesch

2024 feiert d’Kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg e wichtege Jubiläum: De 400. Anniversaire vun der Muttergottesoktav. Beluecht zënter 1624, wor a bleift de Kult vun der Consolatrix Afflictorum, der Tréischterin am Leed, déif verwuerzelt an engem national kollektive Gediechtnes; an dëst bis an eis rezent Vergaangenheet. Ma déi sëllege chronologesch Eckpunkte vun der Lëtzebuerger Marieveréierung – 1626, 1666, 1678, 1781, 1866, 1966, 1978 an zulescht 2016 – waren och ëmmer nees Ulass fir textuell Produktiounen.

Gären iwwersi vun der lëtzebuergescher Geschichtsschreiwung, bleiwen déi sougenannte Wallfaartsbicher eng zentral Source fir jiddwereen, deen sech mat der fréineizäitlecher, ma awer och mat der moderner Geschicht vu Lëtzebuerg ausenanersetze well.

Se sinn, sou den Ausgangspunkt vun dësem Virtrag, déi fir Lëtzebuerg am kontinuéierlechst éditéiert Texter. Ugefaange mat de Mirakelbicher aus den 1640er Joren a bis an dat spéit 19. Joerhonnert eran, proposéiert Iech den Tom Zago, Mataarbechter vun der BnL, de Consolatrix-Kult vun engem méi ongewinnte Bléckwénkel ze reflektéieren: dee vu senger Drockgeschicht. Eng typografesch komplex Situatioun an där sech dach ee kontinuéierleche Gedankegang manifestéiert, wäert dëse Virtrag sech virop mat den eenzelnen Editioune vun den Histoires de Notre-Dame ausenanersetzen an domadder en Zougang zu engem wichtegen Deel vum gedréckten Ierwen zu Lëtzebuerg offréieren.