Rock- a Popmusek zu Lëtzebuerg De Litty 6

Typ:
Spektakel
Uert:
Bibliothèque nationale du Luxembourg - 37D Avenue John F. Kennedy, L-1855 Luxembourg
Datum:
Den 19.06.2024 um 19:00
Mat:
Gesang: Anna Felke an Andrea Galleti E-Gittar: Laurent Kohn Keyboards: Nadja Prange E-Bass: Apollo Munyanshongore Batterie: Benoit Martiny Moderatioun: Georges Urwald Toun: Georges Majerus
Sprooch(en):
Lëtzebuergesch

De Litty 6 gëtt a Form vun enger musikalescher Rees duerch 60 Joer Rock- a Popmusek zu Lëtzebuerg virgestallt. Dëst ass dat lescht Heft aus der didaktescher De Litty Serie, déi an 8 Carneten en Iwwerbléck iwwert d’Musek zu Lëtzebuerg gëtt: vu Cabaret a Musekstheater iwwert Jazz a politesche Lidder bis zu Klassik a Rockpop.

D’Litty Coverband spillt Stécker a Stiler aus de verschiddene Joerzéngten, vun de The Outsiders (Beatmusek), We Feel a Cool Feet (Hardrock), Leslie Kent (Rock), Cool Breeze (Pop), Park Café (Synthipop), Gollo (Singer-Songwriter), No alibi (Pop), D’Juju (Alternativ), Moof (Rock), Blues, Women and Whiskey (Blues), Nazz Nazz (Rock), Angel at My Table (Rockpop), MAZ (Hiphop) a C’est Karma (Indie-Pop).