Du Litty Do De Musical fir dem Litty säin 150ste Gebuertsdag

Typ:
Spektakel
Uert:
Mierscher Kulturhaus - rue Grande-Duchesse Charlotte, L-7520 Mersch
Datum:
Den 09.06.2023 um 20:00
Mat:
TRIO FLOTT, Joe Del Toe (Litty), Jacqueline Bischofsberger (Bobby), Georges Urwald (Piano a Gesank), Marc Linden (Erzieler), CHOUER VUM IECHTERNACHER KOLLÉISCH (Dir. Monique Schumann), BOBBY BAND, Text a Musek: Lëtzebuerger Lidder aus der Zäit, Jean-Marie Kieffer & Georges Urwald, Bléck vu baussen: Milla Trausch
Präis:
Ticket: 26€ Student: 13€ Kulturpass: 1.5€
Sprooch(en):
Lëtzebuergesch
© Reservéiert Rechter

De Litty (Pierre-Toussaint Stefani, 1872-1932) ass an der Zäit ronderëm den Éischte Weltkrich de wuel bekanntsten Ënnerhalungskënschtler zu Lëtzebuerg. Vill nei Lidder aus der Zäit (z.B. vum Poutty Stein) mécht hien duerch seng jovial an adrett Aart a Weis am ganze Land, bäi Jonk an Al, bekannt.

Dem Litty säi Liewen zitt sech duerch politesch a geschichtlech markant Ereegnisser zu a ronderëm Lëtzebuerg, déi och säi Wee ëmmer erëm beaflossen an nei ausriichten: Stolindustrie, Auswanderungen, Schoulflicht, Paul Eyschen, Kabaretszeen, éischte Meedercherslycée, Éischte Weltkrich, Fraewalrecht, 1920er Joren a Wirtschaftskris.

Biografesch Aspekter a geschichtlech Ereegnisser gi mat Hëllef vun originale Lëtzebuerger Lidder aus der Zäit an Neikompositioune fir Solo, Chouer an Orchesterche verdäitlecht.

An Zesummenaarbecht mam Lycée Classique d'Echternach a mam Trifolion Echternach.