ANNULE: Am Gespréich: Lëtzebuerger Literatur am 16. Joerhonnert

L'évènement aura lieu  sans public, mais sera filmé et diffusé  sur nos réseaux sociaux dans les meilleurs délais.

Den Titel vun der Manifestatioun, op déi d’Nationalbibliothéik den 3. Dezember um 19h00 invitéiert, kléngt ongewinnt. An dach gouf et – ganz am Aklang mat der Definitioun vum Luxemburger Autorenlexikon – och schonn am 16. Joerhonnert eng Hällewull vu Lëtzebuerger Auteuren, déi hiert Land verlooss an am Ausland verëffentlecht hunn, an déi zu hirer Zäit, an oft nach laang no hirem Dout, eng europawäit Renommée haten.
Vill vun dësen Auteure sinn haut zu Onrecht vergiess, obschonns an de Fonge vun der BnL Honnerte vun hire Bicher stinn an nëmmen drop waarden, nei entdeckt ze ginn. D’BnL wëll an den nächste Joren d’Bewosstsinn heifir schäerfen, an ëmmer nees verstäerkt op dësen Trésor patrimonial hiweisen, deen nach esou munch Iwwerraschung dierft bereet halen. Een éischte Schréck op de fréiere Lëtzebuerger Parnass maachen an dësem Kontext d’Lydia Keilen mat hirer op der Uni Tréier geschriwwener Dokteraarbecht iwwert déi berüümt Gedicht-Sammlung vun de Coryciana, an den André Delvaux mat senger op der Ecole Pratique des Hautes Etudes zu
Paräis entstanener Thees iwwert dee grousse Schrëftsteller a Geléierte Barthélemy Latomus aus dem Arelerland, déi allebéid uganks des Jores a renomméierten auslännesche Verläg erauskomm sinn. Et geet domat lass, dass déi zwee Wëssenschaftler hir Wierker inhaltlech virstellen, woubäi och eng Partie representativ Extraite wäerte vum Serge Wolf virgedroe ginn. Duerno ass eng Table ronde ugesot, bei där mir iwwert d’Méiglechkeete vun der Erweiderung vum Lëtzebuerger Literaturbegrëff nodenke wëllen. Ofschléissend géife mir hoffen, dass de Publikum mat diskutéiert, kritiséiert an eventuell och encouragéiert.


UMELDUNGE SINN OBLIGATORESCH AN BIS DEN 30. NOVEMBER 2020. FALLS DIR IECH UGEMELLT HUTT AN DANN AWER NET KOMME KËNNT, BIEDE MIR IECH, EIS BESCHEED ZE SOEN.

Wéinst der aktueller Situatioun duerch Covid-19 kéint dës Veranstaltung kuerzfristeg verréckelt oder ofgesot ginn. An dësem Fall ginn ugemellte Persoune per Mail informéiert. De Mask ass wärend der ganzer Virstellung obligatoresch.

Type :
Conférence
Lieu :
Nationalbibliothek
Dates :
Le 03.12.2020 de 19:00 jusqu'à 21:00