Emissioun "Kappplooschter - Lëtzebuerger Ouerwierm an hirer Zäit" um Radio 100,7

An der neier Serie "Kappplooschter - Lëtzebuerger Ouerwierm an hirer Zäit" gehäit de Georges Urwald, détachéierte Professer am Cedom vun der BnL, en Ouer an en A op Alldagsthemen, déi d'Lëtzebuerger Liddertexter an der Nokrichszäit inspiréiert an hir Nolauschterer ameséiert hunn. 'Ouerewiermsänger' wéi Micky Erpelding, Juliette Nürenberg, Aly Bintz oder Hary Haagen hale mat all Lidd eng kleng Lëtzebuerger Kulturgeschichtsstonn, déi bei de Plackelabele wéi Discolux, Edy Noël oder Luxembourg Sound verëffentlecht gi sinn. Dës Emissioun gëtt a Kollaboratioun mat der Nationalbibliothéik realiséiert.

 

Lieu :
Radio 100,7
Dates :
Du 28.09.2018 at 09:00
jusqu'au 31.12.2018