Dem Litty ass et kal - Spectacle de musique pour enfants

D'Nationalbibliothéik invitéiert op de Litty Wanterspektakel fir Kanner: Dem Litty ass et kal. Ëmmer kal. Iwwerall kal. Virun allem am Wanter. De Litty fënnt zesumme mat de Kanner flott Méiglechkeete fir sech séier opzewiermen. Vu bannen: mat engem schéine Lidd, dat waarm Gefiller ausléist, mat enger beréirender Geschicht a  mat engem häerzleche Laachen. Vu baussen: mat schmasseger Musek, bei där een sech waarm zappele kann oder mat engem flotte Beweegungsspill. E interaktiven Concert, bei dem d'Kanner spilleresch déi Lëtzebuerger Kultur besser kenneléieren.

 

Aus dem Programm / Lidder

Heemescht, Gebuergenheet, Ritualer: Ons Heemecht, En exotescht Meedchen: Manyla, Geschicht vun der Seeldänzerin Neige, Laachzeen aus Et wor emol e Kanonéier aus dem Dicks senger Mumm Séis, Péiter Faber: Jazzband - eng Musek geet "duerch Muerg a Been", E gudde Rot vom Jempy Welter: Spillt mam Yo-Yo!, Schlusslidd: Du Litty do!

 

Iddi, Animatioun, Piano: Georges Urwald

Sousaphon: Fränz Ewen

Perkussioun: Max Sauber

Illustratioun: Andy Genen

Bléck vu baussen: Dan Tanson

Organisatioun, Produktioun: KHN Kulturhaus Niederanven, Museksdepartement vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (Cedom)

Type :
Enfants
Lieu :
Kulturhaus Niederanven - 145, route de Trèves, L-6940 Niederanven
Dates :
Le 10.12.2017 de 10:30 jusqu'à 14:30