De Litty, cahiers didactiques du Cedom : Formation continue fir Enseignanten aus dem EF Cycle 4 an dem ES/EST

Formation continue fir Enseignanten aus dem EF Cycle 4 an dem ES/EST

Umeldung iwwert de Site vumInstitut de formation de l’éducation nationale (IFEN)

Grupp I:   Méindeg 24. Oktober 2016 – 17:00-20:00
Grupp II:  Méindeg 13. Februar 2017 – 17:00-20:00
Grupp III: Dënschdeg 15. Mee 2017 – 17:00-20:00

Mat sengen didaktesch ausgeriichten Themenhefter fir Grondschoul a Lycée ‘De Litty’ wëll de Museksdepartement vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (Cedom – Centre d’études et de documentation musicales) ausgewielten Aspekter vun der Lëtzebuerger Kultur opschaffen an de
jonke Generatiounen an den Enseignante méi nobréngen. An der Formatioun iwwert de ‘Litty’ ginn d’Enseignanten opmierksam gemaach op d’Villfalt vun der Lëtzebuerger Kultur, léiere praktesch Beispiller kennen a kréien Iddie fir de methodeschen Asaz vun den Schoulmaterialien.

  • Iwwerbléck: Musek a Kultur zu Lëtzebuerg
  • Virstelllung vun der didaktescher Serie Les carnets didactiques du Cedom
  • Theoreteschen a prakteschen Ëmgang mat den Aarbechtsmaterialien Litty (Lächertexter, Verständnisfroen, Feelertexter, Lauschteraufgaben, Wierfelspiller, Wëssenslidder, Hannergrondinformatiounen an CD-Rom) 
D’Litty-Hefter passe generell a schoulesch Léierberäicher wéi Lëtzebuergesch, Musek, Geschicht a Kultur. D’Hefter vum Litty ginn de Participanten zur Verfügung gestallt. D’Formatioun gëtt op Lëtzebuergesch gehalen. D’Formatioun dauert 3 Stonnen (mat Paus).


Salle de formation
Bibliothèque nationale de Luxembourg – Annexe Kirchberg
31, boulevard Konrad Adenauer
L-1115 Luxembourg


Formateur
Georges Urwald – Museksprofesser am LCE a Prof.-détaché am Cedom vun der Nationalbibliothéik

Lieu :
- Bibliothèque nationale de Luxembourg, Annexe Kirchberg
Dates :
Le 24.10.2016 de 17:00 jusqu'à 20:00