Entdeckt d'Buch mat alle Sënner - parcours en ville Parcours fir Kanner

Kucken, richen, schmaachen, héieren, fi llen. Dat sinn eis 5 Sënner. Wéi eng brauch een da fi r ze liesen? Kënnt Dir e Buch richen? Eng Geschicht schmaachen? Dat geet net, mengt Dir? Mir beweisen Iech de Géigendeel! Maacht mat bei eisem Parcours fir Kanner an hier Elteren.

De Start ass op dem Journées du livre et du droit d’auteur Stand um Wochemaart an der Stad. Vun do aus geet et weider op déi nächst Statiounen am Cercle-Cité, respektiv an der Librairie Ernster. Umelle kann een sech via mail bis den 19.04.2019.

Déi verschidde Statioune vum Parcours sinn:

FIR KANNER VU 4 BIS 8 JOER:

Gehéier: Mir entféieren Iech an d’Librairie Ernster, wou Dir zesumme mam Mireille Weiten - de Waha an d’Welt vun de Geschichten eralauschtere kënnt.

Gefill: Op dëser Statioun am Cercle Cité kënnt Dir déi verschidden Texturen a Materialie vum Buch testen an erliewen.

FIR KANNER VUN 9 BIS 12 JOER:

Geroch a Geschmaach: Hei proposéiere mir Iech unhand vu Geschichten a Bicher d’Welt vun de Kraider ze entdecken.

Siicht: Hei gitt Dir alles gewuer iwwer d‘Geschicht vun der Schrëft a vum Buch. Dir léiert, wéi d‘Buch entstan ass a kënnt Är eegen antik Initial bastelen.

ET GINN  2 SEANCES:

Séance 1:  10:00-11:30

Séance 2:  11:30-13:00

Départ um Knuedler

 

Type :
Activités
Lieu :
Place Guillaume, Librairie Ernster, Cercle Cité - Luxembourg
Dates :
Le 27.04.2019 de 10:00 jusqu'à 13:00