3. Editioun vum 100,7 Radio-Präis lancéiert: Appel un Auteuren

Thema: Great Expectations

Dreem, Projeten: Eis Inspiratioun, fir d’Welt ze veränneren?
D’Versprieche vun enger brillanter Zukunft, mat deem d’Nokrichsgeneratiounen opgewuess sinn, huet e puer Téitschen. Wéi gesäit haut déi brillant Zukunft aus, am Sënn vu Carrière, Famill, engem ausgefëllte Liewen? Ginn d’Aarbechtszäite méi oder manner flexibel? Gëtt de Mënsch un de Rand gedrängt vun der kënschtlecher Intelligenz? Ginn d’Energiequelle propper? Ginn eis westlech Gesellschafte weider op, beschleunege si d’sozial Mobilitéit? Oder kënnt eng Zäit vun neie klengen Nationalismen? Ass d’parlamentaresch Demokratie weider de politesche Modell oder sinn aner Alternative méiglech? 


Wat genee ass de Radio-Präis?
De Radio-Präis ass en Hörspill-Concours, dee vum radio 100,7 ausgeschriwwe gëtt. Eng international besate Jury präméiert dat bescht Hörspill-Manuskript. Erlaabt sinn all literaresch Approchen: Science-Fiction, Satir, Krimi oder recherchéiert Dokumentatioun - ënnert der Viraussetzung, datt si fir de Radio vertounbar sinn. D’Manuskripter kënnen op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch redigéiert sinn a musse bis spéitstens den 1. Oktober 2017 agereecht ginn. De Radio-Präis ass mat 3 500 Euro dotéiert. Dat präméiert Wierk gëtt vum radio 100,7 produzéiert an op der Antenn diffuséiert.

Dat detailléiert Reglement vum 100,7 Radio-Präis fannt Dir op www.100komma7.lu.

Aktualiséiert den