ebooks.lu

ebooks.lu

Mat ebooks.lu kënnt Dir E-Books an Lauschterbicher op Däitsch, Englesch a Franséisch gratis ausléinen. Dëse Service ass fir Lieser vun der Nationalbibliothéik an aneren deelhuelende Bibliothéiken disponibel.

Sichen an ausléinen

D'Titele kënnen iwwer d'Sichmaschinn a-z.lu oder iwwer d'Websäit ebooks.lu gesicht ginn.

Dir kënnt d'E-Books vun Ärer Wiel op déi am meeschten üblech Medien eroflueden wéi PC, iPhone, iPad, Android Smartphone, Tabletten an E-Reader eroflueden. D'Dauer vum Prêt ass zwou Wochen a kann, wann néideg, verlängert ginn.

Op ebooks.lu goen

Iwwert d'Offer

D'Offer ebooks.lu gouf 2015 op Initiativ vum Conseil supérieur des bibliothèques an der Nationalbibliothéik lancéiert. De Konsortium Lëtzebuerg an d’IT-Divisioun vun der Nationalbibliothéik këmmeren sech ëm d’Ëmsetzung an d’Gestioun vun dësem Service. Si schaffen an enker Zesummenaarbecht mat den deelhuelenden ëffentleche Bibliothéike.

Aktualiséiert