De ‚Fausti‘ vun deemools?

De Lëtzebuerger Ënnerhalungskënschtler genannt ‘de Litty‘, kënnt virun 150 Joer zu Lëtzebuerg op d’Welt

Vum Georges Urwald

 

„Ob si sai richtege Vir- an Hausnuem wéissten? – Ma kee konnt mer et soen, well den Nuem Litty, jiddwerengem esou geläfeg wor, datt emol keen u sai Vir- a sain Hausnuem duecht“, erënnert sech de Léon Moulin an engem Artikel iwwert de Pierre-Toussaint Stefani (1872-1932), genannt de Litty oder de Lutty. De Pierre-Toussaint Stefani huet sech säi Kënschtlernumm wuel selwer ginn. A wéi engem Zesummenhang den Numm Lutty verbreet wor, ass net nozeweisen. Eng Figur Luti oder Lûti wor Bestanddeel vu ville Witzer a Schnoken an der satirescher Zäitschrëft De Gukuk (1922-1934).

Um Enn vum 19. Joerhonnert gëtt de Pierre-Toussaint Stefani zu Lëtzebuerg professionelle Variété-Artist: hie séngt, erzielt a spillt. „Hie wor net nëmmen e gudde Variété-Artist, dee sech senge Lidder no unzedonken an ze schminke wousst, iewer hie wor d’meescht dee feinen, nobelen, intelligente Litty“, wéi de Moulin ze erziele weess. Besonnesch populär ass seng Roll vum Piou-Piou, den naiven Zaldot, nom Virbild vum beléifte franséische Comique troupier Polin. Seng Déngschtzäit an der franséischer Friemelegioun (säi Papp koum vun der Corse, 1893 gëtt de Litty Lëtzebuerger) dierft och eng Inspiratiounsquell fir den Troupier gewiescht sinn. De Litty bitt de ‚Repertoire parisien‘ resp. Polin oder de Lëtzebuerger Repertoire un, eleng, am Duo mat der Victorine Chalois, alias Bobby (1895-1988), am Trio (Trio Litty) oder mat enger Trupp (z. B. Troupe de fin de siècle). De Litty séngt a schwätzt Schellackplacken an. „Es gab da zum Beispiel eine heute unauffindbar gewordene Schallplatte von ihm, übrigens eine der allerersten luxemburgischen überhaupt, auf deren einen Seite ein Lied des Titels De Jummdeckel vum Cabinet war (ënnert dem Titel De Chapeau claque [De Lëtzebuerger 01.04.1893]) und auf der andern ein unehrerbietiges zweideutiges Chanson vum Deiwel an der Hell. (Evy Friedrich: De Litty, Tageblatt 12.02.1977). Och als Bauchriedner trëtt de Litty op (Annonce Op der Sté, De Lëtzebuerger 19.08.1893) oder leet als artisteschen Direkter Variété-Shows (Annonce an: Luxemburger Bürger Zeitung 23.08.1913). Spéitstens ronderëm den Éischte Weltkrich kennt jiddwereen de Litty zu Lëtzeburg.

 

E Repertoirelidd als Fluchblat, geschriwwe vum 'Déngen' (Louis Petit), aus dem BnL-Musëksarchiv mat der Cote ALM 2266

Op d’Welt kënnt hien de 16. Januar 1872 zu Lëtzebuerg. 1913 bestuet hie sech mat senger zweeter Fra, der Artistin Pauline Blomiser vu Metz (1885-1965). 1923 zitt hie sech aus dem Variété-Geschäft zréck. Vun Abrëll 1923 bis Oktober 1924 féiert hien zu Munneref säi Restaurant Chez Litty. Duerno wunnt hien erëm an der Stad. De 27. Januar 1932 stierft hien un enger Blutvergëftung am Spidol St. François um Fëschmaart. Dräi Deeg drop gëtt hien um Stater Nikloskierfecht bäigesat, wou 56 Joer méi spéit och seng Duopartnerin Bobby bäigesat wäert ginn. Et si keng Kanner vum Litty bekannt. „Der Verstorbene war eine stadt- und landbekannte Person gewesen, […] die in den trüben Tagen des Krieges, als ringsum die Grenzen gegen jede leichtgeschürzte Muse abgedichtet waren, half, den Kanonendonner vergessen.“ (anonym: Die Toten der Heimat, Jong-Heemecht 01.04.1932)

De Litty trëtt queesch duerch d’Land op, wéi aus etlechen Zeitungsannoncen ervirgeet. „Mir erënneren äis nach, datt e kuerz nom Éischte Weltkrich all Joer op der Fouer opgetratt ass. Mir waren déi Zäit beim Monni an der Stad an der Vakanz an da war ëmmer vum Litty senger Rieds, wa mer mat de Koséngen iwwer d’Fouer gaang sinn a beim [Adolphe] Amberg sengem Etablissement laanscht koumen. De Monni huet dann zu der Tatta gesot: Kuck, mir géifen elo jo nawell de Litty lauschtere goen, wa mer d’Kanner net bei äis hätten.“ (Léon Blasen, De Pierre-Toussaint Stefani genannt de Litty, Télécran, 31.5-6.6.1986)

Nieft e puer selwergedichten Texter, séngt de Litty nieft enger Rei franséischer Chansons, eng etlech, och gäre méi ‚defteg‘ Texter vu Lëtzebuerger Auteuren. „Von Litty lanziert zu werden bedeutet Erfolg.“, erënnert sech den Evy Friedrich. Erfolleg haten domadden Auteuren ewéi Tony Hurst, Poutty Stein, Louis Petit a Guillaume Lauff, deenen hir Texter, an den allermeeschte Fäll op bekannte franséisch Melodien, de Litty am Land bekannt mécht. Geleegentlech hu Lëtzebuerger Komponisten ewéi Louis Beicht, Jean Faber oder Louis Petit nei Texter fir de Litty vertount. Vill vum Litty senge Lidder gi Lëtzebuerger Zäitgeschicht erëm, ewéi Manyla (Kolonialgeschicht) oder Kettenhändler & Cie (Schmuggler am Éischte Weltkrich), anerer besangen den Alldag (Eng Rees am Jangeli no Mondorf), Enttäuschungen duerch d’Léift (An den näischnotz’ge Bléck am Gesiicht) oder maachen de Geck mat de Leit (Neen, déi Schnëss). De Léon Moulin erzielt: „Déi Liddercher gouwen a menge jonke Joren och ‚Kapp-Plooschter‘ genannt, well s’esou gutt am Kapp hänke blouwen. […] Wann een un all déi Lidder denkt, déi mer deemools dem Litty ofkaaft a gesongen hunn, trëllen d’Gedanken engem hannescht bis an de gëllene Jonktëm.“

Dernière mise à jour