E klengen Abléck an eng diskret Gesellschaft vum 19. Jorhonnert

Iwwert en Dokument aus der Loge

vum Luc Schneider

 

Et sinn nët ëmmer déi al Manuskripter an de raren Drock, déi vun historescher Bedeitung sinn, mee dacks sinn et grad kleng Broschüren, déi eppes Apaartes iwwert hir Zäit verzielen. Esou e Beispill ass dat dënnt Heftche mam kuriéisen Titel Tableau des membres de la R[évérende] [= Respectable] L[oge] centrale du Grand-Duché de Luxembourg, régul[ièrement] const[ituée] sous le titre distinctif des Enfans de la Concorde fortifiée, à l'Or[ient] de Lux[embourg] pour l'an de la vér[itable] lumi[ère] 5847" (BnL Cote LA 26976 an op eluxemburgensia.lu)

Et geet derbäi ëm d’Memberslëscht vun der Fräimaurerloge Enfans  de la Concorde fortifiée aus dem Joer 1847 ; dem masonesche Gebrauch no ginn ëmmer 4000 Joer bei d’laafend Joer dobäi gerechent. Well déi Lëscht jhust un d’Bridder verdeelt gouf, ass et e gléckléchen Zoufall, datt déi Broschür ëffentlech an der Bibliothléik iwwerliwwert ass.

D'Memberlëscht vun der Fräimaurerloge Enfans de la Concorde fortifiée aus dem Joer 1847 (BnL Cote LA 26976)

Den Tableau liest sech streckeweis wéi den „Who’s Who“ vun der liberaler Groussbourgeoisie zu Lëtzebuerg. Esou gëtt de Gaspard Théodore Ignace de la Fontaine ernimmt, “Gouverneur du Grand-Duché de Luxembourg” an domadder den (éischte) Regierungschef vu Lëtzebuerg, hautdesdaags méi bekannt als Papp vum “Dicks”, deen deemools grad vun der Uni zu Heidelberg erëmkoum. Véier Membere vun der Famill Pescatore stinn och op der Lëscht: de Ferdinand Pescatore (Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg), de Joseph Pescatore (President vun der Haute Cour militaire), den Théodore Pescatore (Conseiller de Gouvernement), an nët zu lescht, wann och nëmmen als “associé libre”, de Jean-Pierre Pescatore, ee vun de grousse Paräiser Banquieren ënnert dem Deuxième Empire, deem mir nët nëmmen de Kär vun der Konschtsammlung an der Villa Vauban (fréier Musée Pescatore), mee och d’Fondatioun Pescatore mam zougehéierege Stater Altersheim ze verdanken hunn.

Donieft fanne mer eng ganz Rei Riichteren, Affekoten, Offizéier, Banquieren a Fabrikhären, ewéi  de Bouneweeger Hänschefabrikant Isaïe Lippmann,  deem säi Jong, de Gabriel Lippmann, d'Faarwfotografie erfannen an duerfir den Nobelpräis fir Physik kréie sollt.

Och d’Intelligentsia ass nawell gutt vertruede duerch eng Rutsch Professere vum Kolléisch wéi den Hippolyte Barreau oder Leit ewéi de Journalist a Schrëftsteller Mathieu-Lambert Schrobilgen, den de Journal de la Ville et du Grand-Duché de Luxembourg geleet huet a Redakter vum Courrier du Grand-Duché de Luxembourg wor. Dës Zeitungen goufen iwweregens allebéid beim Jacques Lamort, och e Brudder vun der Enfans, gedréckt. En anert grousst Liicht vun där Zäit war sécher och de Groussrabbiner Samuel Hirsch, ee vun de Begrënner vum liberale Reformjuddentum. A séngem Buch Humanität als Religion, dat séch manner géint d' reliéis Intoleranz vun der Kierch wéi géint den ënnerschwellegen Antisemitismus vun der deemoleger preisescher Fräimaurerei riicht (präsent zu Lëtzebuerg duerch Militärloge Blücher zur Wahlstatt), vertrëtt de Samuel Hirsch d'Iddi vun enger universeller Religioun vun der Vernunft an der Toleranz, déi senger Meenung no nët nëmmen de Kär vum Juddentum, mee och vun der Franc-maçonnerie ausmaache géif.

Ënnert de Bridder vun der Enfans waren  awer och Männer aus dem Vollek wéi e Barbéier, e Confiseur, en Auermécher, zwee Gierwer, e Bijoutier, an zwee Viraarbechter. Et entsprécht duerchaus de Gläichheetsidealer vun der Loge, datt de Gouverneur vum Grand-Duché mam Auermécher oder Viraarbechter , op d’mannst därbaants der ”Tenue” an der ”Agape” vu gläich zu gläich verkéiert a si sech bridderlech geduuzt hunn.

Dernière mise à jour